Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes

L' ALSF est le seul représentant des sages-femmes auprès des instances luxembourgeoises

        De Comité vun der ALSF

D'Hiewanskonscht - d'Konscht vun der Gebuertshëllef

Depuis le 29 juillet 2019 l'art de la sage-femme est reconnue comme patrimoine culturel  national au Luxembourg

Depuis décembre 2023, l'art de la sage-femme est reconnue comme patrimoine culturel international par l'UNESCO

Visualisation du film produit pour la nomination : https://vimeo.com/692228291/deb5310431

Depuis le 13 juillet 2021, l' ALSF est fière d'être:

Sous le Haut Patronage de Son Altesse Royale la Grande-Duchesse héritière.

Table ronde avec l'Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes (ALSF)

S.A.R. la Grande-Duchesse Héritière a participé le 2 mars 2023, au Centre Hospitalier du Nord à Ettelbruck, à une table ronde avec l'Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes (ALSF) dont le Haut Patronage est assuré par S.A.R.

Les thèmes abordés étaient la pénurie de personnel, médical et infirmier, les tâches de la sage-femme avant-pendant-après la naissance, l'évolution du métier et de la formation, son rôle psycho-social lors du suivi à domicile - la dépression post-partum touche 10% des jeunes mamans -, les synergies gynécologue/sage-femme -avec l'éclairage du Dr Wirtgen- et la prise en charge par la CNS, depuis 2022, des frais pour la surveillance et l'exécution d'un accouchement extra-hospitalier par la sage-femme. Parmi les 7.600 naissances recensées au Luxembourg, 29 se sont déroulées à domicile.

La table ronde a ensuite laissé place à une visite de la salle d'accouchement.

L'Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes remercie le Centre Hospitalier du Nord de présenter l'exposition de la profession de la sage-femme pendant la semaine du 6 mars 2023.


Wou soll mäi Kand op d'Welt kommen ?

Eng Stellungnam vun der ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes)

Fir dass eng Gebuert sou sécher wéi méiglech verleeft, ass et wichteg dass d'Betreiung wärend der Schwangerschaft, bei der Gebuert, an doriwwer eraus am Wochebett, vun enger oder e puer, ëmmer därselwechter, Persoun(en) realiséiert gëtt. D'Fra soll wärend der Gebuert vun där Persoun begleet gin an déi si Vertrauen huet an, wa kee Risiko vu Komplikatioune virläit, da soll si kënnen de Choix vun der Platz hunn wou si well accouchéieren. Dëst sinn Aussoen ënner anerem vun der Weltgesondheetsorganisatioun an si baséieren op groussen Etüden zu der Sécherheet bei der Gebuert.

Hei zu Lëtzebuerg hunn déi meeschte Fraen net wierklech de Choix : am Spidol ginn si begleet vun där Hiewan déi Déngscht huet, si gesinn eventuell och deen Dokter deen Déngscht huet; déi fräiberufflech Hiewannen hu keen Zougang zum Spidol fir hir Patientinne kënnen ze begleeden; wéineg Hiewanne sinn disponibel fir eng Hausgebuert ze betreien; fir an engem Gebuertshaus z'accouchéiere mussen d'Fraen an d'Ausland fueren an, wéi d'lescht Woch an der Press bekannt gouf, huet d'Gesondheetsministesch verfüügt dass keng Gebuerten an enger Hiewanspraxis däerfe stattfannen.

D'Hiewanne sinn ausgebilt fir eegeverantwortlech physiologesch Gebuerten ze betreien. Si begleeden d'Fra wärend der Gebuert a si hunn d'Kompetenz fir festzestellen op eng Gebuert normal verleeft, oder op et Unzeeche fir Komplikatioune gëtt déi et néideg maachen dass d'Gebuert medezinesch betreit am Spidol weidergeet. Wann d'Hiewan eng hir bekannte Fra begleet a wann eng eent-zu-eent-Betreiung méiglech ass, da kënne Risikofaktore ganz fréizäiteg erkannt gin an déi néideg Mesurë kënnen ouni Stress geholl gin.

Fir d'ALSF besteet eng sécher Gebuertshëllef doranner dass, wann eng physiologesch Gebuert virgesinn ass, d'Fra ka wiele wou se wëll accouchéieren, sief dat am Spidol, an engem Gebuertshaus, an enger Hiewanspraxis oder doheem, an dass si, egal wou d'Gebuert stattfënnt, vun enger kompetenter Persoun begleet gëtt an déi si Vertrauen huet. Natierlech schléisst dat eng Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddenen Institutiounen a Gesondheetsberuffer net aus, esou eng Kollaboratioun wir onbedéngt wënschenswäert.

Eng sécher Gebuertshëllef erreeche mir net domadder dass Gebuerten op bestëmmte Platze verbuede gin, mee mir mussen dofir suergen dass do, wou d'Fraen hir Kanner wëllen op d'Welt setzen, eng professionell a kompetent Betreiung geséchert ass.

LIENS UTILES

PARENTS

PROFESSIONNELS

ADMINISTRATIF

BIENVENUE SUR LE SITE OFFICIEL DE L'ASSOCIATION LUXEMBOURGEOISE DES SAGES-FEMMES (ALSF)!

Au cœur de la plus belle aventure humaine qui soit!

Notre association poursuit 2 objectifs primordiaux:

  • Défendre et protéger les intérêts professionnels des sages-femmes.
  • Promouvoir, encore et toujours, une meilleure prise en charge lorsde la venue d'un enfant.
  • Que vous soyez professionnels ou parents, ce site vous informe de nos activités, de notre rôle, de nos attributions.

Vous y trouverez des informations pratiques mais également de quoi nourrir votre réflexion ou votre projet.

N'hésitez pas à nous contacter et poser vos questions via notre formulaire, nous serons ravies de vous épauler.


Le 15 novembre 2019 nous avons célébré notre Centenaire

Partenaires: 

Boutique en ligne

    "I do not care what kind of birth you have...a homebirth, scheduled cesarean, epidural hospital birth, or if you birth alone in the woods next to baby deer. I care that you had options, that you were supported in your choices, and that you were respected."     

                                                                                         January Harshe 

    ALSF est membre de