|
14 juillet 2011
Martine Welter, Präsidentin ALSF
Mir als Hiewansassociatioun sie frou Iech bei deser Marche eis Solidariteit ze weisen an des Aktioun ennerstetzen ze kennen, well mir sie frou dass endlech dei betraffen Leit, Fraen a Männer, Mammen a Pappen, Dir alleguer hei, Iech zu Wuerd mellt a net einfach esou akzepteieren dass eppes iwert är Käpp ewech décideiert get wat Iech direkt concerneiert, nämlech wou a wei är Kanner op d’Welt kommen an an Zukunft komme sollen!
Au départ géht et hei zu Woltz, wei bei all klenge Betrieb dén zougemach get, drems Käschten an ze spueren, also em SUEN!
Mé mat „ganz spontan, normal Kanner kreien“ as net seier Suen machen, dat as leider de Problém mat der Gebuertshellef, mat der préventiver Medezin am allgemengen dei do soll Gesondhét erhalen wou Gesondhét as a verhenneren dass Krankhét opkennt.
Als Hiewannen wesse mir dat nemmen all ze gud: Et as de Prinzip, de Leitmotiv vun eisem Beruf: mir sin dofir ausgebilt a kompétent: fir dat normalt, dat physiologescht:
- constater la grosesse normale
- surveiller la grossesse normale
- pratiquer l’accouchement normal
stéht an eisen nationalen Attributiounen a souguer an eiser internationaler Définitioun : « la sage-femme est une personne professionnelle et responsable qui travaille conjointement avec les femmes dans le but de promouvoir l’accouchement normal ».
An dat war hei zu Woltz nach Wierkelechkét: et war é richtegt team vun der Koppel, dem Dokter an der Hiewan dei bei der Gebuert zesummen geschafft hun, wou jidderén gleichberechtegt konnt matschwetzen an décideieren, souweit et a jidderengem senger Meigelchkét stung.
Dat huet Iech Elteren an ärem Sichen no aktivem, respektvollem Matsproocherecht bestätegt an eis Hiewannen an eiser Berufséthik genausou.
Dass et verschidden Situatiounen get wou d’Elteren net kennen é Choix huelen well sie net genuch medezinescht Wessen hun oder et ganz seier muss goen, as kloer. Prinzipiell mussen sie awer emmer wierkelech objektiv informeiert gin iwert dei verschidden Meigelechkéten dei et gin.
An dasse mir den Dokter ruffen „erst wenn sich ein Problem abzeichnet“ as och ganz normal, well dat as jo just eise Beruf. Dat huet neischt mat Hiérarchie ze din, mat Chef hei a Max do!!!!!!!!!!!
An doremser géht et och hei zu Woltz:
- GebuertsHELLEF brengt neischt an, én niewent eng Fra se stellen dén hier just d’Hand hällt a sét: „Jo Madame Dir macht dat wonnerbar, dir kennt ärt Kand ganz aleng op d’Welt setzen!“ kascht nemmen Zeit, also Personal.
- GebuertsMEDEZIN: aléden, Weiebaxter, Péridural, Kaiserschnett .... d’Pharma-Industrie frét sech an d’Krankekés, ah né et hécht jo ewell Gesondhétskés och, spéziell Nuets a Sonndes well da ka mei deier verrechent gin!
Mé d’Gesondhétskés soll sech emol endlech em d’Gesondhét vun de Leit a vu sengen zukünftegen Abezueler kemmeren, well do ka ganz vill gespuert gin, awer anscheinend net wann eng Maternité zou gemach get wou d’Gebuerten mei belleg waren well manner Agreffer gemach goufen!
Verstitt eis net falsch, mir sin net geint medezinesch Agreffer oder d’Périduralanesthésie, NÉ, mé net wann et net medezinesch indizeiert as oder mat falschen Fakten de Leit opgeschwat get.
A mir sin och net geint d’Dokteren, NÉ, mir brauchen sie, sou wei sie eis brauchen, awer sie sollen eis eise Beruf mache loosen: mir als „personne de référence“ fir dat normalt a sie, als Spézialisten, fir dat wat vum normalen abschweift.
„Technological nightmare“ huet emol é ganz bekannten Dokter, de Marsden Wagner, freieren chef vun der Mammen- a Kanner-gesondhétsdivisioun bei der OMS, der Weltgesondhétsorganisatioun op engem Kongres 1993 hei zu Letzebuerg gesoot.
Mé dén teschneschen schlechten Draam huet sech seit hier nach verschlemmert. Souguer sou, dass eng programmeiert césarienne, dei machen ongefeier d’Halschent vun de Gesamt 30% hei am Land aus, seit kuerzem net mei als Gebuert gezielt get an duerfir och net mei dei insgesamt +/- 13 Stonnen Hiewansbetreiung wei bei enger normaler Gebuert, mé just nach 4 Stonnen Hiewansbetreiung zegud huet. Wien huet dat décideiert? D’Gesondhétskés an d’entente des hôpitaux, also d’Spidolspatronen. Sid Dir gefroot gin als concerneiert Leit?...... Né?...... Si mir gefroot gin als concerneiert Berufsgroup? .... Né!!!!!!!!!!!! A wien setzt an dénen Gremien??? Dir?... né! Ma mier och net, dat sin Mathematiker, Ekonomisten, Finanzleit.... well mat där Rechnung gin an déne méchten Maternitéen +/- 2 Hiewansposten einfach ofgeschaaft.
Also nés..... em wat géht et ? .... Suen!
Mé dass et och em d’Zukunft an em d’Gesondhét vun eis an eise Kanner géht get kuerzfristeg ignoreiert.
- Dass é Kaiserschnett ouni wierkelech medezinesche Grond bei de Fraen mat mei engem heische Risiko vu Gesondhétsproblémer och psychologescher a Bindungsschwieregkéten mam Kand ka verbonne sin get ignoreiert.
- Ignoreiert get och, dass de Gebrauch vu Weiemettel och net ouni Konséquenzen as, z.B. op d’Stellen. Dat huet eis am Freijoer nach den Dokter Michel Odent, eng Kapaziteit a punkto „Verstoen wat bei enger normaler Gebuert wichteg as“ an enger Konferenz erklärt. A weivill Fraen accoucheieren nach hei zu Letzebuerg ouni den Asatz vun desem Médikament, ausserhalb vun enger Alédung vun der Gebuert? Wann et der nach gin da waren se eischter hei zu Woltz!
- An all dei aner kleng awer immense wichteg Détailer bei enger Gebuert: Gedolt, Rou, Zeit, positiv ennerstetzen, net haard schwetzen, ké Kameidi, keng honnertdausend Leit dei an d’Zemmer eran an eraus laafen, Respekt, Intimiteit, freie Choix vun Iessen, Drenken, Positioun .......
Dat alles huet de Michel Odent wei schons seit Joeren erklärt a wessenschaftlech rechercheiert a beluecht:
- dass de Kader vun der Gebuert a wei d’Fra sech fillt d’1x1 vun enger normaler Gebuert as,
- dass dat och en Dél vum Aspekt Secherhét bei enger Gebuert as
- an dass dat en Afloss huet op d’Zukunft vun dém Liewen wat just grad do op d’Welt kennt!
An dat as wat dir hei zu Woltz konnt erliewen a wat mir konnten matbegléden an enger Zesummenarbecht wou jiderengem seng Besoien geheiert a seng Kompétenzen respekteiert goufen.
Mourrir en dignité as vill an der lescht diskuteiert gin am Land, et get Zeit dass och Naître en dignité en Thema get
An dofir soe mir och JO fir d’Bestoe bleiwen vun der
Wooltzer Maternité
Merci fir är Präsenz an ärt Nolauschteren |