|
Dësen dach esou normal schéngende Slogan vun der ALSF ass dëser Deeg zu Lëtzebuerg net méi wouer. D’Commission des Normes mat Vertrieder vun der Entente des hôpitaux an der Gesondheetskeess (CNS) huet beschloss, dass Fraen/Mammen, déi eng programméiert Césarienne (=Kaiserschnëtt) gemaach kréien, just nach ee minimalistescht Urecht op Betreiung vun enger Hiewann an der Maternité hunn (4 Stonnen!). Déi „Gebuerten“ ginn och net méi an der Gesamtzuel vun de Gebuerten als solch gerechent, wou 1 Hiewann op 103 Gebuerten virgesinn ass. Wat sinn hei d’Beweeggrënn: gesondheetlech Aspekter oder just budgetär Spuermoossnamen?. Mir fannen dat skandaléis a froen eis, op d’Fraen dëst wëssen an sech och de gesondheetleche Konsequenzen vun esou engem chirurgëschen Agrëff bewosst sinn, wann si mat enger Césarienne averstane sinn. Hei geet et virun allem em geplangte Césariennen (ongeféier d’Halschent vun dem Total), déi och net ëmmer aus medizinischen Ursaache gemaach ginn. D’Weltgesondheetsorganisatioun (OMS/WHO) gesäit iwwregens een Taux vu manner wéi 15 % Césarienne vir! Wann ee weess, dass den Undeel vun all de Césariennen am Joer 2009 hei zu Lëtzebuerg ongeféier 30 % war, an déi Zuel nach bestänneg klëmmt, dann ass dat an onsen Aen éischtens eng onnéidesch Medikaliséierung vun engem physiologësche Prozess, an zweetens ee schläichenden Ofbau vun onsem Beruff. Dogéint wiere mir eis mat aller Entscheedenheet! De 5. Mee ass internationalen Hiewannendag, wou mir als national Hiewannenassoziatioun de Leit eise Beruf méi no solle bréngen. Dëst Joer ass ee vun den Haaptmottoen: „Aujourd’hui plus que jamais, le monde a besoin de sages- femmes“. Hei zu Lëtzebuerg schéngt dëst nach net ukomm ze sinn. An eiser Gesellschaft ass een sech doriwwer eens ginn, dass een an Dignitéit ka stierwen an selwer ka bestëmmen wéi, wou a vu wiem een dobäi begleet wëll ginn. Fir den internationalen Hiewannendag géife mir eis wënschen, dass Puppelcher (an hier Mammen an Pappen) och erëm kënne bestëmmen, wéi si op d’Welt kommen, wou a vu wiem se dobäi mat deem néidege Respekt begleet ginn: Naître en dignité ! Fraen an Männer, Elteren, et soll iech net egal sinn, wéi är Kanner op d’Welt kommen! Eise Premier huet Recht wann hien d’Lag vun der Natioun a Saache sozial Froen als Prioritéit ugesäit: ënner anerem déi vill iwwerfuedert Elteren! Méi wou kommen se hier? Huet nach een Zäit fir seng Kanner, Zäit fir seng Kanner ze kréien....? Vill Gebuerte ginn ageleet, programméiert: muar em souvill Auer hätt ech gär mäi Kand! Eis Gebuerten ginn ëmmer méi technesch-medizinesch. Mee wee weess, wat dat fir Konsequenzen huet op eis Kanner, op d’Elteren, op eis Gesellschaft? Een deen sech vill domadder beschäftegt huet, Recherchen doriwwer gemaach huet, a kierzlech hei zu Lëtzebuerg eng Konferenz gehalen huet, ass den Dr Michel Odent. Hien huet notamment Bedenken iwwert d’Laangzäitkonsequenzen vum Asaz vu Wéiemëttel (Oxytocin), déi haut quasi bei all Gebuert, net nëmmen déi ageleeten, gebraucht ginn. Zanter éiweg betreien Hiewannen d'Fraën an der Schwangerschaft, bei der Gebuert vun hirem Kand an duerno. Eng Gebuert ass fir eis eppes ganz normales, physiologësches, a mat eiser Ausbildung an eise Kompetenzen solle mir kucken, dass déi Gebuert och normal bleift, mat just nëmmen deenen allernéidegsten, medezinëschen Agrëffer, wa noutwënneg. Eng Gebuert ass och ee ganz wichtegt an aschneident Erliefnis am Liewen vun enger Fra, enger Koppel an hirem Kand. Mir sinn do, fir si dobäi sou natierlech a sécher wéi méiglech ze begleeden. Mee dat brauch Zäit, Gedold, Rou, d’Hänn an der Täsch ze loossen, net „maache wëllen“, mee ënnerstëtzen, gutt zourieden: „Jo, Dir kënnt dat ganz aleng Madame!“. Kléngt esou einfach, mee ass zäitopwenneg a bréngt kee Su an!! Läit do net d’Kromm an der Heck? D’Maternitéen ginn zesummen an een Dëppe gehäit mat de Spideeler, wou Kranker behandelt ginn. Eng Gebuert bréngt der Klinik näischt wann net e puer Analysen, Ënnersichungen, Medikamenter an sou weider kënne verrechent ginn. Mee eng Schwanger an eng Fra, déi e Puppelche kritt, si jo net krank! Mussen se duerfir krank gemaach ginn??? Schonn an der Schwangerschaft: 1- 2 mol am Mount bei den Dokter?? D’Hiewann huet hei grad emol een Tarif fir eng (!) Konsultatioun zegutt, dobäi wieren Hiewannskonsultatioune méi käschtegënschteg. Eng Gebuert huet also ganz vill mat Suen ze dinn. Hei en puer Iwwerleeungen dozou: - eng normal Gebuert ass méi bëlleg wéi eng Césarienne; - Sonndes däerf méi verrechent ginn, et gi souguer um Sonndeg programméiert Césariennen!? - bei enger Gebuert,déi ageleet gëtt, bleift d’Fra alt emol 1- 2 Deeg virdrun do, well et net direkt klappt, dobäi ginn zum Deel ganz deier Medikamenter benotzt an et fannen och méi Interventiounen wei Périduralanesthésie oder Césarienne statt, wann et da guer net geet ... an dat ganz oft fir Aleedungen ouni medizinësche Grond! - eng Mamm däerf no der Gebuert net méi laang wéi 3,9 Deeg an der Maternité bleiwen, duerno sinn et nach just „Hotelskäschten“; - a ville Maternitéen schaffen am Wochebett, also no der Gebuert, Leit ouni eng spéziell Ausbildung dofir, déi si méi bëlleg wéi Hiewannen! - eng Hiewannsvisite am Kader vun der ambulanter Betreiung no der Gebuert doheem kascht nëmmen +/- 24 Euros an dauert +/- 1 Stonn, well jo an der Maternité keng Zäit war, fir alles ze weisen an ze erklären mat deelweis net dofir ausgebiltem Personal! Mir kréien ëmmer méi d'Gefill, dass ekonomesch Aspekter méi wichteg ginn wéi eng perséinlech a kompetent Betreiung: e maximale Gewënn aus der Schwangerschaft an der Gebuert muss gemaach ginn, fir dass de Bilan um Enn och stëmmt, natierlech nëmmen dee vun den Zuelen, well Gesondheetsaspekter, Gefiller, Emotiounen, oder individuell Wënsch... dofir gëtt et keen Tarif, a Preventioun, Gesondheetserzéiung, dat wësse mer scho laang, huet nach ni gutt Kaarten an engem ekonomësche System gehat. Gebuertsvirbereedungscouren, Virbereedung op „Eltere ginn“ z.B. gëllen an all eise Nopëschlänner als ee Recht vun der schwangerer Fra an ginn deementspriechend zeréckbezuelt. Ënnert deenen Ëmstenn, well mir Hiewannen ëmmer méi Steng an den Wee geluecht kritt a mir ëmmer manner Vertrauen a Respekt gewise kritt, gëtt et leider ëmmer méi schwéier, fir mat Läif a Séil eise Beruff, dee vill Responsabilitéit erfuerdert, auszeüben. Eis läit d’Zukunft vun eisem Beruff awer immens um Häerz, well eng Hiewann a villen Hisiichten en Afloss kann hunn op d'Zukunft vun der Gebuertshëllef, vun der Betreiung vun jonke Famillen an domat och op d’Gesondheet vun eise Kanner an eiser Gesellschaft. 140 Leit sollen, eisem Premier no, agestallt ginn, fir deenen iwwerfuerderten Elteren ze hëllefen. Mir mengen et wier besser de Probleem emol bei der Wuerzel unzepaken an dofir: - GebuertsHËLLEF éischter wéi GebuertsMEDIZIN! - net nach kleng Maternitéen aus Käschtegrënn zoumaachen - an net nach Personal an „durée de séjour“ ofbauen, well bei deene geplangte Mesuren bei de Césariennen, sinn elo quasi 2 Hiewannsplazen pro Maternité zevill! De Comité vun der lëtzebuergescher Hiewannenassociatioun (ALSF)
|