D'Hiewanen hoffen, datt den Dossier Gebuertshaus virun de Wale gekläert ass

12/02/2023

https://www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/2028692.html

RTL - Invité vun der Redaktioun (10. Februar) - Nadine Barthel: D'Hiewanen hoffen, datt den Dossier Gebuertshaus virun de Wale gekläert ass


"Mir hoffe wierklech, dass et nach virun de Wale gekläert ass. Mir bleiwen der Meenung, dass et hei am Land fir eng Fra soll méiglech sinn, an engem Gebuertshaus ze accouchéieren. Mir hunn als Hiewanen de Grondstee geluecht, fir d'Gebuertskultur am Land ze änneren." , dat sot e Freideg de Moien d'Presidentin vun der Hiewansassociatioun Nadine Barthel. Si war eis Invitée vun der Redaktioun. Fir d'Hiewanen ass all Zäit kee Stee méi am Wee, datt och hei am Land Kanner an engem Gebuertshaus gebuer kënne ginn. Nodeems d'Santé am Dezember decidéiert hat, datt am Centre Lunata zu Bartreng, deen eng Rei Hiewanen eegestänneg lancéiert haten, bis op Weideres keng Gebuerte méi dierfe sinn, huet de Gesondheetsministère en Aarbechtsgrupp agesat, deen elo Richtlinne fir Gebuerten baussent dem Spidol opstelle soll. Den Aarbechtsgrupp aus Vertrieder vun der Santé, de Fraendokteren, Hiewanen an der Spidolsfederatioun war bis elo eng Kéier am Januar zesummen. Allgemeng gëtt den Echange als konstruktiv gewäert. En zweete Rendez-vous gouf awer nach net fixéiert an et hätt een och keng Zäitschinn genannt kritt, bis wéini Konklusiounen um Dësch solle leien.

Mir sinn amgaang d'Gebuertskultur zu Lëtzebuerg ze änneren

Fir d'Associatioun vun den Hiewanen ass all Zäit kee Stee méi am Wee, datt och zu Lëtzebuerg e Gebuertshaus respektiv Gebuertshaiser kënnen opmaachen. Och d'Santésministesch Paulette Lenert wier dem Sujet géintiwwer antëscht méi positiv agestallt wéi nach am Ufank, sou all Zäit d'Impressioun vun der Nadine Barthel.

Et hätt een als Associatioun vun den Hiewanen de Grondsteen geluecht, fir d'Gebuertskultur zu Lëtzebuerg z'änneren an dat wier amgaang ze geschéien. D'Hiewanen hunn nei Attributioune kritt, d'Nomenclature gouf iwwerschafft an nei Tariffer geschaf, déi notamment vill méi eng enk Betreiung vun de schwangere Fraen an der Schwangerschaft duerch eng Hiewan erlaben. D'lescht Joer wieren och beispillsweis 29 Hausgebuerte gewiescht. Dës Zuel géif fir sech schwätzen. Virdru wiere grad mol 6,7 Kanner d'Joer doheem op d'Welt komm. Mat der neier Nomenclature hätt och d'Zuel vun de fräischaffenden Hiewanen däitlech zougeholl. Antëscht géifen et iwwer 50 liberal Hiewane ginn, déi hir Servicer virun an no der Gebuert baussent dem Spidol offréieren.

Méi Raum an Zäit fir d'Gebuert och an der Maternité

Och an de Maternitéen, wou déi ganz grouss Majoritéit vun de Puppelcher op d'Welt kommen, misst a kéint een nach weider Efforte maachen, fir d'Betreiung vun de Fraen duerch d'Hiewanen ze verbesseren, an de Kader vun enger Gebuert méi perséinlech an intim ze gestalten, seet eis Invitée vun der Redaktioun. Dorunner géif och geschafft. Gutt Personal wier elementar, an datt d'Frae sech och an enger Klinik fir d'Gebuert wuel spieren. D'Hiewanen an der Maternité misste gestäerkt ginn, et misst méi e grousse Wäert op physiologesch Gebuerte geluecht ginn. A virun allem misst een d'Gebuerten "entschleunegen". De Fraen méi "Raum an Zäit ginn", déi eng Gebuert brauch.

Eng eent zu eent Betreiung am Spidol wier natierlech eng Illusioun. Et kéint een awer duerchaus nach emol iwwerkucken, wéi vill Hiewane bei enger Gebuert derbäi sinn, sou d'Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewanen.

Beim Personal muss een den Ament nach ëmmer ganz vill op Hiewanen aus dem Ausland zréckgräifen, fir d'Besoinen ze decken. D'Nadine Barthel begréisst an deem Kontext, datt d'Ausbildung zur Hiewan hei zu Lëtzebuerg reforméiert gëtt. De Bachelorstudium fänkt d'nächst Joer un. Doduerch hofft een, datt de Beruff dobaussen och méi attraktiv gëtt.