D'Hiewanskonscht - d'Konscht vun der Gebuertshëllef

28/08/2019

ass zanter dem 29. Juli 2019 am de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ageschriwwen.

Zanter ëmmer an iwwerall op der Welt hunn erfahre Fraen, Hiewannen genannt, aner Frae virun, während oder no der Gebuert ënnerstëtzt. D'Hiewannen hu fundamental medizinesch, anatomesch an obstetresch Kenntnisser. Wann och di mëndlech Iwwerliwwerung vun dëse Kenntnisser vu Fra zu Fra ëmmer wichteg wäert bleiwen, ass 1877 di éischt staatlech Hiewaneschoul zesumme mat enger Maternité, ënnert dem Patronage vum Conseil médical, an der Reiderkasär am Pafendall, engem Viruert vun der Stad Lëtzebuerg, entstanen.D'Hiewanne begleeden di schwanger Fraen, hir Kanner, an hir Partner, vum Ufank vun hirer Schwangerschaft bis zum Enn vum Nieren, wat méi wéi 2 Joer kann daueren. Während der Schwangerschaft maachen d'Hiewanne Konrtrollvisiten, gi Rotschléi, bidden Hëllef un oder hale Virbereedungscouren fir d'Gebuert. Si begleeden d'Famill an den Iwwergang an dësen neie Liewensabschnëtt, wou si Eltere sinn.Besonnesch ervirhiewe kann ee bei der Begleedung durech eng Hiewann, dass si mat wéinegen techneschen Hëllefsmëttel eens gëtt. Si gebrauchen haaptsächlech hir natierlech Sënner (d'Gehéier, de Geroch, d'Beréieren, d'Gesinn). Hiert wichtegst Instrument sinn hir Hänn fir d'Lag, d'Gréisst, d'Vitalitéit oder och d'Presentatioun vum Kand (Leopoldhandgrëffer) festzestellen. Mat Hëllef vun engem Pinard Stethoskop, kënnen si d'Häerztéin vum ongebuerene Kand héieren. Duerch dësen direkte Kontakt an d'Aweiung an de natierlechen an physiologeschen Oflaf, léiert di schwanger Fra eppes iwwert sech selwer an hire Kierper. Dës perséinlech Kompetenz, d'Wäertschätzung an de Respekt géigeniwwer sech selwer, begënschtegt d'Enstoe vu Bindung tëschent Mamm a Kand (bonding). Dat féiert zu zouversiichtleche Mammen an zu Kanner, déi vill méi gesond sinn, zu Famillen, déi prett sinn, hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen an sech ëm hiert Wuelbefannen ze këmmeren.Aus dësem Grond intervenéiert d'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an der Praktik vun der Gebuertshellef. Si publizéiert Empfeelungen iwwert prenatal Hëllef a Gebuertshëllef. D'WHO empfeelt, dass d'Hiewannen sech während der Schwangerschaft, der Gebuert an der Zäit dono këmmeren, fir eng Kontinuitéit an hirer Hëllef ze garantéieren. All Joer, de 5.Mee, fënnt den Internationalen Dag vun der Hiewann statt.
D'ALSF (Association luxembourgeoise des sages-femmes), Member vun der Conférence internationale des sages-femmes (ICM), ass 1919 gegrënnt ginn, fir d'Intressie vum Beruff ze verteidegen. D'Associatioun bréngt d'Hiewannen zesummen, déi sech zu Lëtzebuerg duerch eng grouss kulturell Diversitéit charakteriséieren. Hir gemeinsam Passioun, hiert Engagement fir d'Famillen féiert automatesch zu enger Eenheet, déi schwéier ze trennen ass. Zu Lëtzebuerg kennen de Staat, de Corps médical an d'Gesellschaft d'Konscht vun den Hiewannen un. Verschidden ëffentlech Plaze sinn nom Numm vun enger Hiewann benannt, fir d'Erënnerung un eng Persoun an hiert Kënnen am Dingscht vun de Generatiounen oprecht ze erhalen.
D'Hiewannskonscht - d'Konscht vun der Gebuertshëllef ass zanter dem 29. Juli 2019 am de nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ageschriwwen.

https://www.iki.lu/post/show_cat/8