Trounwiessel, dem Grand-Duc seng feierlech Tournée

04/10/2025

Feierlechkeeten vum Trounwiessel

Den 4. Oktober 2025 hu mir als Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes d'Éier gehat, un enger aussergewéinlecher Feierlechkeet am Kader vum Trounwiessel deelzehuelen. Mir waren am 3. Tramm, deen ënnert dem Thema "Resilienz" stoung, an hu soumat symbolesch d'Kraaft, d'Standhaftegkeet an d'Roll vun den Hiewannen an eiser Gesellschaft duergestallt.

D'Show huet op der Rouder Bréck stattfonnt, e staarkt Symbol vun eiser Haaptstad an vun der Widerstandsfäegkeet vum Lëtzebuerger Vollek.

Zum grousse Final vun der Tournée sinn de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie op d'Bréck komm, begleet vun enger dynamescher Orchesteropféierung, engem faarwege Spektakel vun der rouder Bréck an enger representativer Duerstellung vun eiser Gesellschaft.

Mir sin houfreg, e klenge Bäitrag zu dësem nationale Moment geleescht ze hunn an d'Visibilitéit vun eisem Beruff op esou engem wichtege Symbol vun Zesummenhalt a Resilienz gestäerkt ze hunn.